
Verschidden Organisatioune bidde medezinesch a sozial Hëllef fir Mënschen ouni feste Wunnsëtz an ouni finanziell Ressourcen, déi dowéinst net sozial verséchert sinn. De Pilotprojet Couverture Universelle des Soins de Santé – CUSS genannt - bitt Mënschen ouni Sozialversécherung den Zougang zur Gesondheetsversuergung.
Wien d'CUSS ufroe wëll, muss zanter mindestens 3 Méint am Land a wärend der Zäit och am Kontakt mat der ASBL sinn, déi d'Demande fir d'CUSS mécht. D’Demandeure kréien eng ganz enk sozial Begleedung a musse fir d'Zukunft e kohärente Liewensprojet opstelle, wat oft ganz schwéier ass, well vill vun hinne keng valabel Openthaltsgeneemegung fir Lëtzebuerg a virun allem kee feste Wunnsëtz hunn. Aktuell profitéieren eng 125 Leit dovunner a 34 Fäll waarden nach op eng Zouso vum Santésministère.
Mat der katastrophaler Situatioun op eisem Wunnengsmaart kann een haut méi séier wunnengslos gi. Eng Trennung oder eng Scheedung, eng Aarbecht an e fest Akommes, déi ee verléiert, Scholden, déi een net méi zréckbezuele kann, eng Wunneng, déi ee muss opginn - op eemol kënnt eent bei d'anert. Lues a lues distanzéiere sech d'Famill an d'Kolleegen, mental a kierperlech geet et engem ëmmer méi schlecht. Et schléift een nach eng Zäitchen am Auto, bis och dee fort ass. Wat bleift, ass d'Strooss. D'Bank léist de Konto op a well een net méi abezilt, ass och d'Krankeversécherung fleeten. Ouni Adress, kee Konnt, keng Krankekeess, keng Aarbecht. En Däiwelskrees, aus deem et keen Auswee gëtt.
Leit ouni Daach iwwer dem Kapp sinn kierperlech a mental futti. Vill vun hinne si schwéier krank a wënsche sech eng gesondheetlech Versuergung, déi hinnen erlaabt, e Minimum un Dignitéit ze behalen. Als Gesellschaft hu mir eng kollektiv Verantwortung, dëse Mënschen ze hëllefen a se net hirem Schicksal op der Strooss ze iwwerloossen. Krank Mënschen op der Strooss stellen e Gesondheetsrisiko fir déi ganz Gesellschaft duer. Wa mer hinnen hëllefen, ass dat gutt fir eis all. Doriwwer eraus beweise spuenesch a franséisch Etüden, datt d‘universell Krankeversécherung kee Magnet, fir Migranten ass an d'Gesondheetsausgaben doduercher net an d'Luucht ginn.
Den Zougang zur Gesondheetsversuergung ass e Mënscherecht. Ee vun de fundamentalen ethesche Prinzippien an der Medezin ass, datt all d'Patiente gläichberechtegt sinn - ob räich oder aarm, egal, wou se hierkommen, wéi se ausgesinn a wéi se schwätzen. Eng krank Persoun ouni Krankeversécherung gesondheetlech net ze versuergen, ass wéi enger Persoun a Gefor net ze hëllefen. Dat verstéisst géint d'Wäerter vun eiser ziviliséierter Gesellschaft.
Dofir brauche mer dringend eng gesetzlech Basis fir den universellen Zougang zur Gesondheetsversuergung.