
Zanter Mëtt Juni sinn dëst Joer a Frankräich 52 Deeg gezielt ginn, op deenen een offiziell mat Hëtztwellen ze dinn hat. Dat huet d'Noriichtenagence AFP mat Hëllef vun Donnéeë vu Météo-France ermëttelt. Domat ass, obwuel de Summer nach net eriwwer ass, en neie Rekord opgestallt ginn. Deen ale war 2022 mat 33 Deeg notéiert ginn.
2026 waren et kuerz hannerteneen dräi Hëtztwellen. Déi éischt hat am Juni 14 Deeg laang gedauert, bei der zweeter am Juli waren et 22 Deeg um Stéck an déi lescht Well mat 22 Deeg zanter Enn Juli ass nach net offiziell eriwwer. Zanter dem 17. Juni ware just 11 Deeg dobäi, op deene keng Canicule gemellt war.
Säit dem Ufank vun den Opzeechnungen 1947 waren a kengem Joer méi Hëtztwellen. 2022 waren et zwar och 3 grouss Caniculle gewiescht, déi méi wéi 15.000 Doudesaffer gefuerdert haten, mee déi am Ganzen awer 20 Deeg manner laang gedauert haten. Déi aktuell Canicule vun Enn Juli ass mat 22 Deeg déi zweetlängsten an der Geschicht vu Frankräich. Just 1983 war et nach en Dag méi laang extrem waarm gewiescht.
Der Definitioun vu Météo-France no ass eng Hëtztwell "un épisode de températures nettement plus élevées que les normales pendant plusieurs jours" op nationalem Niveau, déi sech op prezis statistesch Krittäre bezitt. Eng Canicule fänkt där Definitioun no un, wann den "indicateur thermique national" 25,3°C a méi erreecht a wann déi national Moyenne vun den Temperaturen wärend mindestens dräi Deeg um Stéck op d'mannst 23,4°C bedréit. Wann den ITN wärend op d'mannst dräi Deeg ënner 23,4°C fält, gëllt eng Hëtztwell als eriwwer.
Zanter 1947 ass déi aktuell Canicule déi 54., déi gezielt ginn ass. Méi wéi d'Hallschent vun de 54 sinn no 2010 gezielt ginn.