Keen huet iwwerlieftTouristen-Helikopter a Kenia erofgefall

RTL mat AFP
E Mëttwoch de Moien ass an der zentraler Regioun Samburu nërdlech vun Nairobi en Helikopter, deen touristesch Ausflich mécht, erofgefall. Sämtlech Passagéier sinn ëm d'Liewe komm.
Beim Absturz eines Ausflugs-Hubschraubers in Kenia sind alle Insassen ums Leben gekommen. Der Helikopter stürzte nach Behördenangaben am Mittwochmorgen in der zentralen Region Samburu nördlich der Hauptstadt Nairobi ab.
Symbolbild
© AFP/Archiv

Wéi lokal Autoritéite matgedeelt hunn, ware siwen Touristen u Bord vum Helikopter, wéi et zum Ongléck koum. "Ech ka confirméieren, dass et sech ëm en Accident handelt; et gi keng Iwwerliewender", sou de lokale Loftfaart-Vertrieder géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Hir Nationalitéit ass bis ewell nach onkloer.

An engem Video op de soziale Medie gesäit ee schwaarzen Damp iwwert der Onglécksplaz um Bord vum Ololokwe-Bierg. Den 2.000 Meter héije Bierg gëllt beim Samburu-Vollek als helleg an ass e beléiften Zil fir Wanderungen. Sëllegen Organisateure bidde Flich iwwer de Bierg un.

Wéi d'Agence weider matdeelt, war den Helikopter am Loisaba-Schutzgebitt gestart an ass géint 09:13 Auer aus nach ongekläerter Ursaach erofgefall. Rettungsekippe vum Roude Kräiz goufen op d'Plaz geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO