Ongléck a BayernKand bei Bëschaarbechten déidlech vu Bam getraff

RTL mat AFP
E Freideg gouf e Kand an engem Bësch am nërdleche Landkrees Garmisch-Partenkirchen vun engem Bam getraff an déidlech verwonnt.
Ein Kind ist in Bayern bei Forstarbeiten von einem umstürzenden Baum erschlagen worden. Es erlag seinen Verletzungen in einem Krankenhaus, wie die Polizei in Rosenheim mitteilte.
Symbolbild
© AFP/Archiv

D'Kand am Grondschoulalter war zesumme mat engem Erwuessenen am Bësch, an deem geschafft gouf. E Bam wier ëmgefall an hätt d'Kand getraff. D'Affer koum mam Rettungshelikopter an eng Spezialklinik, wou et méi spéit u senge schroe Verletzunge gestuerwen ass. Dat huet d'Police vu Rosenheim elo matgedeelt. Geschitt ass den Accident e Freideg an engem Bësch am Landkrees Garmisch-Patenkirchen.

D'Ermëttler gi vun engem trageschen Accident aus.

Back to Top
CIM LOGO