Finanzexpert Claude Arend erkläertKrich am Iran huet Auswierkungen op d'Bourse an d'Pëtrolspräisser

Claude Arendt
Mam Finanzexpert Claude Arend kucke mer e Méindeg de Moien, wéi d’Finanzmäert an Asien op de Krich am Iran reagéieren.
E Pëtrolsschëff an der Mieresenk vun Hormuz.
© -/AFP

Wann et ronderëm Pëtrolsfelder knuppt, muss een och ëmmer fäerten, datt de Präis vum schwaarze Gold däitlech unzitt.

De Pëtrol ass zum Deel staark geklommen, d’Gold och. Op de Wärungen ass et nach roueg mat engem ganz liicht méi staarkem Dollar géint all deenen aneren. An fir d’Bours kënnt et net de beschten Dag ginn. Déi an Asie verléieren ëm 1,50 Prozent. “An op de Futures gesäit et och no änleche Verloschter fir Europa aus. Amerika sollt eppes manner verléieren, Stand elo”, esou den Expert weider.

A Japan verléiert den Nikkei 1,49 Prozent.

Op der Bourse wäert de Verdeedegungssecteur vill gefrot ginn

Wa mer bëssen an den Detail ginn, fält op dat d’Banke staark verléieren. Nomura, déi grouss japanesch Investmentbank zum Beispill bal 7 Prozent. Iwwerdeems Mitsubishi Heavy Industries, do wäre mer da bei der Defense, awer iwwer 3 Prozent gewannen. Zu Hong Kong verléieren d’Aktie vun der HSBC iwwert 3 Prozent, déi vun der CNOOC, der nationaler Pëtrolsfirma a China, klammen ëm 3,50 Prozent. “Da kann ee sech denke wéi et an Europa op geet. Pëtrolsfirme wéi Shell oder TotalEnergies sollte gesicht ginn, Rheinmetall oder BAE Systems och”, esou de Claude Arend.

Auswierkunge vum Irankrich op d'Pëtrolspräisser an op d'Bourssen
De Krich am Iran hat schonn e Méindeg de Moien Auswierkungen op d’Pëtrolspräisser an déi asiatesch Bourssen.

Medien no ass de Pëtrol de Moie schonn zweestelleg geklommen.

An Asie fänkt et mat Neiséiland un, dat kënnt Australien derbäi an dann eréischt déi grouss Finanzmetropolen. “Dat heescht am Ufank feelt et u Liquiditéit a Präisser si relativ volatil. Duerno stabiliséiert dat ganz sech.” Awer selbstverständlech klëmmt de Präis vum Pëtrol och e Méindeg de Moien. De Future um Brent handelt bei bal 76 Dollar, ass domat knapp 5 Prozent méi héich. De WTI ass 5,40 Prozent am Plus.

Firwat klëmmt de Pëtrolspräis sou staark, wann d’OPEC+-Länner wéi Saudi-Arabien schonn annoncéiert hunn, méi ze produzéieren?

20 Prozent vum Pëtrol, deen d’Welt verbraucht, geet duerch Mieresenk vun Hormuz, do wou et aus dem Perseschen eriwwer an de Golf vun Oman geet. Also praktesch d’Spëtz iwwert den Emirater an dem iranesche Festland. Do geet vill iranesche Pëtrol duerch, awer och vill LNG aus dem Qatar an och e gudden Deel vum saudesche Pëtrol.

© Foto von BEDIRHAN DEMIREL / ANADOLU / ANADOLU VIA AFP

An déi Mierespassage, wéi et schéngt no Attacken aus dem Iran op mindestens zwee Schëffer, schéngt elo zou ze sinn. Do geet net méi vill duerch.

D’Fro ass, net nëmme fir de Pëtrolspräis wichteg, wéi laang elo do net vill oder näischt duerch geet. Wann dat sollt e kuerze Krich ginn, sou wéi déi 12 Deeg am Juni d’lescht Joer, da musse mer eis direkt net vill Gedanke maachen. Well et ginn eng Rëtsch Alternative fir de Pëtrol, wou do blockéiert ass, ze ersetzen. Éischtens sinn iwwerall déi strategesch Reserve voll, China huet anscheinend bis zu zwou Milliarde Barrel op Reserve, Amerika der 425 Milliounen. An d’IEA schätzt dat och ronn 248 Millioune Barrel op Schëffer virun de grousse Mäert an Asie geparkt sinn. Dee eenzeg wichteg Fro fir de Pëtrolspräis ass déi wéi laang de Krich dauert.

Back to Top
CIM LOGO