
Déi jemenittesch Huthi-Miliz huet eng Blockad vum Schëffsverkéier an der Mieresenkt Bab-al-Mandab dementéiert. "Sou eppes wier net virgesinn, wéi anerer dat behaapten", sou de Spriecher a Leader vun de Verhandlunge Mohammed Abdusalam e Freideg. Hire Grupp géif sech op eng Séiblockad limitéieren, déi just déi saudi-arabesch Säit betreffe géing. Déi concernéiert Passage verbënnt dat Rout Mier mam Gold vun Aden.
Déi proiranesch Miliz hat ugangs der Woch per Funk gewarnt, dass si Schëffer géingen an d'Viséier huelen, déi "dem saudi-arabesche Feind" gehéieren a sech net un hir Blockad wéilten halen. Dono hate si, eegenen Aussoen no, zwee saudi-arabesch Uelegschëffer mat Dronen a Rakéiten ugegraff. Vun deenen Attacken ass eng confirméiert ginn.
No der Spär vun der Strooss vun Hormus, déi wichteg ass fir de weltwäiten Handel, huet Saudi-Arabien seng Uelegexporter duerch d'Enkt vu Bab-al-Mandab ëmgeleet. Néng Schëffer haten d'Kéier gemaach, nodeems d'Huthi mat Attacke gedreet haten, anerer sinn awer weidergefuer.
D'Blockad an d'Ugrëffer vun der Miliz maachen Angscht, dass sech de Konflikt weider vergréissere kéint. Well d'Strooss vun Hormus zanter Méint gréisstendeels gespaart ass, klëmmt den Uelegpräis weider. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres weist sech dowéinst "déif besuergt". D'Chance op Fridde géif ënnergruewe ginn a schwéier wirtschaftlech, humanitär an ekologesch Auswierkungen op déi ganz Regioun kéinten d'Folge sinn, sou de Guterres weider.