Indien Uerg Iwwerschwemmungen: Op d'mannst 50 Doudesaffer, Honnertdausende betraff

RTL Lëtzebuerg
Staarke Monsunreen huet am Nordoste vun Indien zu schwéieren Iwwerschwemmunge gefouert.
© SHAMMI MEHRA/AFP

Offiziellen Donnéeën no sinn op d'mannst 50 Mënschen ëm d'Liewe komm, wärend lokal Medie vu méi wéi 120 Doudege schwätzen.

Am Bundesstaat Assam hu ronn 700.000 Mënschen hir Wunneng misse verloossen.

Bal 900 Dierfer stinn ënner Waasser, Dausende Stéit sinn ouni Stroum an och de Verkéier an der Bundes-Haaptstad Guwahati war staark ageschränkt.

© MURTAZA ALI/NurPhoto via AFP

Och Pakistan an Afghanistan si vum Monsunreen betraff. Do hunn Iwwerschwemmungen zesummen op d'mannst 95 Mënscheliewe gefuerdert.

Experte féieren déi ëmmer méi extrem Reefäll op de Klimawandel zeréck.

Back to Top
CIM LOGO