
Dobäi kënnt de Blockage vun der Schëfffaartsstross vun Hormus. D’G7-Finanzminister hunn dofir doriwwer beroden, ob se strategesch Pëtrolsreserve sollte fräiginn. Zwar ginn et an Europa, der EU-Kommissioun no, aktuell keng direkt Versuergungsenkpäss, ma d’Suerg, dass d’Präisser an d’Luucht ginn, ass grouss.
En Enn vu Konflikt am Noen Osten ass net en Vue. D’Auswierkunge sinn och an Europa ze spieren. Zum Beispill bei den Energiepräisser, op de Finanzmäert, oder am Fluchtransport. An Europa géing et aktuell keen akute Risk vun engem Manktem u Pëtrol ginn, seet d’Anna Kaisa Itkonen, Porte-Parole vun der EU-Kommissioun. All Memberstaat misst Noutreserve fir 90 Deeg hunn. Dëst wier no der leschter Energiekris festgeluecht ginn. Ginn dës Pëtrolsreserve koordinéiert fräiginn, kéinten am Noutfall Liwwerenkpäss a weider Präishaussë beim Bensinn a Mazout limitéiert ginn.
Um Méindeg hunn d’G7 Finanzminister awer decidéiert, dass dës Reserven awer nach net sollen ugezaapt ginn. De franséische Finanzminister Roland Lescure erkläert, dass een d’Situatioun weider am Ae behält. L’impact sur la situation macroéconomique de nos pays, mais aussi l’impact au quotidien pour nos citoyens, qui sont affectés de manière directe, notamment par la hausse du prix de l’essence.
Den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz bleift och alertéiert. “Wir sind besorgt um die Entwicklung der Energiepreise. Wir wissen, dass das möglicherweise durchschlägt, auch auf die Konjunktur in Deutschland, und deswegen tun wir alles, um auch in der Energiepolitik unsere Unabhängigkeit zu erhöhen.”
Aktuell kënnt de Pëtrol fir d’EU zu 40 Prozent aus den USA, Norwegen a Kasachstan. Ma Krisen am Noen Oste schloe sech trotzdeem direkt och hei an de Präisser néier, well de Pëtrol um globale Marché gehandelt gëtt. Schonn d’Angscht virun Ausfäll, dreift hei de Präis.
Ongeféier ee Fënneftel um globalen Handel passéiert dann d’Strooss vun Hormus, déi aktuell jo blockéiert ass. Elo plangt Frankräich Schëffer dohin ze schécken, fir d’Containerschëffer an Tanker ze begleeden.
De franséische President Emmanuel Macron: “Et nous sommes en train de mettre en place, et nous l’avons évoqué à l’instant aussi, une mission purement défensive, purement d’accompagnement, qui doit se préparer avec des États européens et non européens, et qui a vocation à permettre, dès que cela sera possible, après la sortie de la phase la plus chaude du conflit, qui permettra l’escorte de porte-conteneurs et de tankeurs pour réouvrir progressivement le détroit d’Ormuz.”
Dëst wier essentiel fir den internationale Commerce an d’Circulatioun vum Pëtrol a vum Gas, déi nees missten aus dëser Regioun eraus kommen.
Eng aner Iddi huet do den ungaresche President Victor Orban, fir de Risk vun enger Inflatioun an der EU kleng ze halen. De Blockage vum Pëtrol duerch d’Ukrain an de Krich am Noen Osten wier eng Menace fir Ungarn, d’Slowakei an d’EU. Fir dës Gefor ofzewieren, bräicht een zwou Decisiounen. D’Sanktiounen op Energie aus Russland missten iwwerschafft an ausgesat ginn. Hien hätt dat an engem Bréif un d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ugestouss. An, an Ungarn misst verhënnert ginn, datt den Diesel a Bensinn op horrenden Niveau klammen.
Den Direkter vun der Internationaler Energie Agence Fatih Birol hat awer schonn de Weekend dovu gewarnt: “
Natierlech géing dat vun der Decisioun vun den eenzelne Länner ofhänken, mee hie géing mengen, dass ee vun den historesche Feeler vun Europa war, ze vill vun enger Energie-Quell ofhängeg ze sinn, nämlech Russland.”
Och hie seet, dass am Ablack genuch Pëtrol um Marché wier. De Problem géing just un der Verdeelung an der Logistik leien.
Den US-President Donald Trump huet dann an de soziale Medie geschriwwen, dass déi héich Pëtrolspräisser en niddrege Präis wieren, fir d’Sécherheet an de Fridden an den USA an op der Welt. Et wier just kuerzfristeg, bis déi nuklear Menace duerch den Iran fort wier.