No Asyl-Demande an AustralienFuttballspillerin verréit Matspillerinne bei iranescher Ambassade

AFP, iwwersat vun RTL
Nodeems siwen iranesch Futtballspillerinnen eng Demande op Asyl an Australien gestallt hunn, hu si missten aus hirem Logement evakuéiert ginn, well eent vun hinne sech ëmentscheet huet.
Mehrere Fußballspielerinnen aus dem Iran, denen Australien nach ihrer Weigerung, die iranische Nationalhymne zu singen, Asyl gewährt hatte, sind am Mittwoch aus ihrer Unterkunft evakuiert worden.
Eng Rei iranesch Futtballspillerinnen haten an Australien eng Demande op Asyl gestallt, well si Repressalie gefaart hunn, nodeems si refuséiert hunn, d’iranesch Nationalhymn ze sangen.
© AFP

Siwen iranesch Futtballspillerinnen haten an Australien eng Demande op Asyl gestallt, nodeems si déi iranesch Nationalhymn net sange wollten. Eng vun de Spillerinnen huet sech awer ëmentscheet an déi aner bei der Ambassade zu Canberra verroden. Wéi den australeschen Inneminister Tony Burke matgedeelt huet, hätt hien d’Evakuatioun vun de Fraen ugeuerdent, well déi iranesch Vertriedung elo wéisst, “wou si all sinn”.

D’Spillerinnen hate bei der Asien-Meeschterschaft an Australien beim éischte Gruppematch géint Südkorea net déi iranesch Nationalhymn gesongen. Bei engem Retour an hir Heemecht dreeën hinnen Aschätzunge vu Mënscherechtler no Repressalien. Hire Gest zwee Deeg nom Ufank vun den US-israeeleschen Attacke géint den Iran war vu ville Leit als Zeeche vum Widderstand géint déi Islamesch Republik interpretéiert ginn.

Siwe Spillerinnen haten Asyl an Australien gefrot, nodeems hinnen am Iran “Verrot” reprochéiert gouf. Eng Futtballspillerin hat allerdéngs no Gespréicher mat anere Spillerinnen, déi den Asyl refuséiert haten, hir Meenung geännert, sot de Burke. Doropshin hat d’Spillerin verroden, wou déi aner wieren, wéi sech bei der iranescher Ambassade gemellt hat.

Et gouf gefaart, datt männlech Begleeder, déi mat der Ekipp gereest sinn, probéiere kéinten, d’Fraen dorun ze hënneren, eng Demande op Asyl ze stellen. De Burke huet erkläert, all Spillerin wier um Fluchhafen zu Sydney vun der Ekipp getrennt ginn an hätt Zäit kritt, d’Offer a Rou z’iwwerdenken. Esou hätten déi australesch Autoritéite séchergestallt, datt et “hir Decisioun” war.

Virop ware fënnef Spillerinnen am Däischteren aus dem Ekippenhotel geflücht, fir an Australien eng Asyldemande ze stellen, dorënner d’Kapitänin Sahra Ghanbari. Och zwee weidere Membere vun der Ekipp - eng Spillerin an eng Betreierin - gouf Asyl accordéiert, éier de Rescht vun der Ekipp en Dënschdeg den Owend aus Sydney geflunn ass. Wéi eng vun de Spillerinnen hir Meenung geännert hat, gouf net genannt.

Back to Top
CIM LOGO