
Déi grouss Muechten wéi d’USA oder Russland attackéieren déi international Institutiounen frontal. Dat internationaalt Recht an och de Multi-lateralismus stéingen zolidd ënner Drock. Sou steet et am Joresrapport 2025 vun Amnesty International. Déi illegal Krichsféierung an der Ukrain, dem Iran oder och Venezuela géife geféierlech Prezedenzfäll schafen. D’Regierunge weltwäit géifen ze vill zécken, fir d’Mënscherechtsverletzungen ze verurteelen. Et wier awer net alles schlecht: Vill Leit hätten zejoert fir d’Mënscherechter demonstréiert.