
D’Cheffe vun der EU-Kommissioun an dem EU-Rot hunn dem bulgareschen Ex-President Rumen Radew zu senger Victoire bei de Parlamentswale gratuléiert. “Ech freeë mech op d’Zesummenaarbecht fir de Wuelstand an d’Sécherheet vu Bulgarien an Europa”, huet d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Méindeg op X geschriwwen. Den EU-Rotspresident Antonio Costa huet op der selwechter Plattform erkläert, datt hien dem Radew e Méindeg de Moie per Telefon zu senger Victoire gratuléiert an him “all Guddes” fir seng nei Aufgabe gewënscht huet.
Dem Radew seng Mëtt-Lénk-Allianz huet der bulgarescher Walkommissioun no d’Parlamentswalen am südosteuropäesche Land, dat EU- an NATO-Member ass, gewonnen. Nodeem bal all d’Stëmmen ausgezielt sinn, konnt dem Radew seng Allianz “Progressiivt Bulgarien” deemno eng däitlech Victoire feieren. Den 62 Joer ale fréiere President ass fir en Dialog mat Russland an ass géint d’Waffeliwwerungen un d’Ukrain. Hien huet awer schonn annoncéiert, datt hien EU-Decisiounen an deem Beräich net blockéiere wéilt.