CNN-Recherchen decken en donkelt Netzwierk opNotzer deelen am Internet Tipps fir ze vergewaltegen

RTL Lëtzebuerg
Eleng am Februar soll eng entspriechend Websäit vu méi wéi 62 Milliounen User opgeruff gi sinn.
Cyberkriminalitéit (Symbolbild)
© AFP/Archiv

Eng méintelaang Enquête vum US-Medium CNN huet eng verstoppt Online-Welt opgedeckt, an där d’sexuell Gewalt géint Frae motivéiert, gefeiert an oppe gedeelt gëtt. Geschwat gëtt vun enger grenziwwerschreidender “Online Rape Academy”, an anere Wierder also eng Online-Austauschplattform fir Vergewaltegungs-Täter. Iwwert dës ginn Tipps gedeelt, wéi een Affer sexuell mëssbraucht, ouni dobäi vun den Autoritéiten erwëscht ze ginn.

D’Ermëttlunge vu CNN, déi duerch de wichtege Prozess géint den Dominique Pelicot a Frankräich ausgeléist goufen, hunn erginn, datt Männer op dëse Plattformen “Tutorials” austauschen, wéi si am beschten d’Affer - dorënner och hir eege Partnerinnen - drogéieren, fir se dann ze vergewaltegen.

Eleng op der Websäit “motherless.com” goufe méi wéi 20.000 Videoe vu sougenannte schlofenden Affer eropgelueden. An dëse Videoe filme sech d’Männer dobäi, wéi si de Fraen, déi sech an engem onbewossten Zoustand befannen, hir Aen opmaachen, fir ze weisen, datt si schlofen oder ënner Berouegungsmëttel stinn. D’Videoe vun dëse sougenannten “Aenchecken” hunn iwwer 50.000 Klicks geréiert.

Och déi weider Zuelen, déi bei dëser Enquête erauskoumen, mussen engem Suerge maachen: Eleng am Februar sollen 62 Millioune User d’Websäit “motherless.com” opgeruff hunn. Den Austausch vun “Informatioune” soll vu ronn 1.000 aktive Memberen zustane kommen.

D’lescht Joer huet de brittesche Reguléierungsdéngscht “Ofcom” d’Websäit motherless.com ënnersicht. Wéi et an deem Kontext am Dossier vu CNN heescht, wier eng Enquête opgemaach ginn, well d’Firma “Kick Online Entertainment S.A.”, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hätt, keng adequat Evaluatioun iwwert de Risk vun der Publikatioun vun illegalem Contenu, virgeluecht hätt. D’Enquête wier agestallt ginn, nodeems d’Firma déi néideg Dokumenter geliwwert hätt. Eng spéider Enquête vum Reguléierungsdéngscht soll d’Firma nees viséiert hunn. Eng eege Recherche vun RTL konnt bis ewell net confirméieren, dass d’Firma hire Sëtz effektiv zu Lëtzebuerg huet. Eng Recherche am Firmeregëster huet kee Resultat gewisen.

De rezente Bericht vu CNN huet weltwäit fir Reaktioune gesuergt. Op en Neits goufen Techfirmen a Regierungen opgefuerdert, méi streng Gesetzer fir digital Sécherheet ëmzesetzen, fir esou kënne Plattforme wéi dës ze bekämpfen.

Back to Top
CIM LOGO