
D’Autoritéiten aus 21 Länner hate sech an enger Aktiounswoch zesummegedoen, fir géint Cyberkrimineller virzegoen. Méi wéi 75.000 kriminell Usere sinn identifizéiert ginn a kruten a schrëftlecher Form Warnungen. 4 Persoune si verhaft ginn. 53 Zentralen, aus deenen illegal geschafft ginn ass, konnten ausgemaach ginn, 25 dovu sinn oder wäerten duerchsicht ginn.
Mat involvéiert, nieft Lëtzebuerg, waren Australien, Éisträich, Belsch, Brasilien, Bulgarien, Dänemark, Estland, Finnland, Däitschland, Japan, Lettland, Litauen, Holland, Norwegen, Polen, Portugal, Schweden, Thailand, Groussbritannien an d’USA.
Op Demande vum Dikrecher Parquet huet an deem Kader de Service de Police Judiciaire vun der Police op enger Plaz, op där digital Attacke kéinten organiséiert gi sinn, den 13. Abrëll eng Perquisitioun duerchgefouert, bei där informatescht Material konnt séchergestallt ginn. D’Ermëttlunge lafen ënnert dem Prinzip vun der Présomption d’innocence.
D’Police mécht an deem Kader de Rappell, datt d’Stéiere vun informatesche Servicer en Delikt duerstellt, dee penal Poursuitte kann hunn:
Art. 509-2:
Quiconque aura, intentionnellement et au mépris des droits d’autrui, entravé ou faussé le fonctionnement d’un système de traitement ou de transmission automatisé de données sera puni d’un emprisonnement de trois mois à trois ans et d’une amende de 1.250 euros à 12.500 euros ou de l’une de ces deux peines.
Il en va de même pour les équipements et les programmes destinés à provoquer de telles perturbations :
Art. 509-5:
Sera puni de 4 mois à cinq ans d’emprisonnement et d’une amende de 1.250 euros à 30.000 euros quiconque aura, dans une intention frauduleuse, produit, vendu, obtenu, détenu, importé, diffusé ou mis à disposition,