
Mat senge Körperwelten-Ausstellungen huet den Tanatopracteur (Expert fir d'Preparéiere vu Mënscheläichen) Gunther von Hagens iwwer 30 Joer laang Ablécker an de mënschleche Kierper ginn. Niewent Faszinatioun, huet den Anatom mam Spëtznumm "Dr. Tod" och fir vill Kritik gesuergt. Elo ass den von Hagens am Alter vun 81 Joer gestuerwen.
Nodeems hien 2008 Parkinson kritt huet, huet sech den von Hagens ëmmer méi aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn. Seng Ausstellungen, déi 1995 an d'Liewe geruff goufen, existéiere bis haut. Niewent enger Partie Ausstellungen an Däitschland, ass hie mat senge Preparater duerch déi ganz Welt gereest.

Bis haut hunn iwwer 50 Millioune Visiteuren "Körperwelten" gesinn.