Déi afghanesch Arméi huet sech bannent e puer Deeg opgeléist, den deemolege President Ashraf Ghani ass aus dem Land geflücht. Domat waren d'Taliban no bal 20 Joer nees zréck un der Muecht. No den Terrorattacke vum 11. September 2001 hat eng vun den USA geféiert Militäroperatioun d'Islamisten aus Kabul verdriwwen. Duerno koume bal zwee Joerzéngten international Militärasätz an den Opbau vun enger neier Regierung, déi vum Westen ënnerstëtzt gouf.
Wéi déi international Truppen 2021 ugefaangen hunn, sech aus Afghanistan zeréckzezéien, hunn d'Taliban bannent kuerzer Zäit grouss Deeler vum Land ënnert hir Kontroll bruecht. Déi afghanesch Arméi, déi jorelaang mat westlecher Hëllef opgebaut an ausgebilt gi war, huet sech den Islamisten net entgéintgestallt.
Besonnesch dramatesch waren d'Biller vum Fluchhafen zu Kabul. Dausende Mënschen hu probéiert, d'Land ze verloossen. Afghane sinn iwwer Maueren a pickegen Drot geklommen, anerer sinn nieft startenden Militärfligere gelaf an hu probéiert, sech un de Maschinne festzehalen. E Bild, op deem e Puppelchen iwwer de pickegen Drot un US-Zaldote gereecht gëtt, gouf zum Symbol fir d'Verzweiwlung an deenen Deeg.
Den 30. August 2021 hunn déi lescht amerikanesch Zaldoten Afghanistan verlooss. Domat war de bal 20 Joer laangen US-Militärasaz eriwwer. D'Taliban haten nees praktesch dat ganzt Land ënner hirer Kontroll.
Zu Kabul goufe virum Joresdag vill wäiss Taliban-Fändelen opgehaangen. Op Plakater gëtt de 15. August als Dag vun der Victoire gefeiert. Och amerikanesch Militärgefierer, déi nom Ofzuch zeréckgelooss goufen, ginn dobäi an Zeen gesat.
International bleift d'Taliban-Regierung awer gréisstendeels isoléiert. Bis ewell huet just Russland si offiziell unerkannt. Gläichzäiteg hunn d'Taliban an de leschte Joren awer hir Kontakter mat enger Partie Länner ausgebaut. Vertrieder aus China, der Tierkei, Saudi-Arabien, Groussbritannien a verschiddenen zentralasiatesche Länner ware fir Gespréicher zu Kabul.
Virun allem d'Nopeschlänner an aner Staaten aus der Regioun sichen ëmmer méi de pragmatesche Kontakt mat den Taliban. Dobäi geet et ënner anerem ëm Sécherheet, Handelsweeër an Infrastrukturprojeten.
Eng méi breet international Unerkennung scheitert awer weider virun allem un der Mënscherechtssituatioun an dem Ëmgang mat Fraen a Meedercher.
Zanter deem d'Taliban nees un der Muecht sinn, hu si d'Rechter vu Fraen a Meedercher ëmmer méi ageschränkt. Meedercher däerfe just nach an d'Grondschoul goen. Och hir Méiglechkeeten, um ëffentleche Liewen deelzehuelen, goufe staark limitéiert.
Der UNESCO no sinn zanter 2021 ronn 2,4 Millioune Meedercher vun enger méi héijer Schoulbildung ausgeschloss ginn. Wann dës Entwécklung esou weidergeet, kéinte bis 2030 bal véier Millioune Meedercher keng Schoulausbildung méi kréien, déi iwwer d'Primärschoul eraus geet.
Nieft den Aschränkunge vun de Fraerechter kämpft Afghanistan mat enger schwéierer humanitärer Kris.
De Welternärungsprogramm vun de Vereenten Natioune warnt virun der wuessender Ënnerernierung bei Kanner. An engem Drëttel vun den afghanesche Provënzen hätt d'Situatioun mëttlerweil e kriteschen Niveau erreecht. An den nächste Méint kéint se sech nach weider verschäerfen.
Iwwerdeems feelt et den internationalen Hëllefsorganisatiounen u Suen. 2025 goufen 142 Gesondheetszentren zougemaach. Méi wéi 13.000 Kanner hunn doduerch den Zougang zu enger Behandlung géint Ënnerernierung verluer. Och aner Hëllefsprogrammer hu misse gekierzt ginn.
Dobäi kommen de Chômage, héich Liewensmëttelpräisser, Konflikter a Problemer mat de Versuergungsweeër. Bal eng Millioun ënnerernierte Fraen a Kanner konnten dowéinst zäitweis net mat wichtege Liewensmëttel versuergt ginn.
Och de Retour vu ville afghanesche Flüchtlingen aus dem Iran a Pakistan mécht d'Situatioun nach méi schwéier. Gläichzäiteg ass déi international Hëllef fir Afghanistan an de leschte Joren däitlech zeréckgaangen.