
Rieds geet vu méi wéi 100 Vollen, déi annuléiert goufen. D‘Mataarbechter protestéieren virun allem dogéint, datt hir Schaffpläng ëmmer erëm kuerzfristeg geännert ginn.
Déi zoustänneg Gewerkschaft huet a franséische Medien erkläert, et géife méi wéi d‘Hallschent vun de ronn 900 Leit vum Kabinnepersonal beim Streik matmaachen.
D'Fluchgesellschaft Easyjet ass no Airfrance déi zweetgréissten Airline a Frankräich, dat gemooss un de Passagéierzuelen.