
Den US-President Donald Trump wëll déi ëmkämpft Strooss vun Hormus eegenen Aussoen no "gläich" zu engem Territoire vun de Vereenegte Staaten deklaréieren. "Nodeem mir den Iran bezwongen hunn, a si wäerte uerg bezwonge ginn, wäert ech d'Strooss vun Hormus an noer Zukunft zu engem Territoire vun de Vereenegte Staaten erklären", sot hien e Freideg mat engem Schmunzelen bei engem politeschen Evenement an enger Police-Akademie am US-Bundesstaat New York. Den Donald Trump hat rezent scho méi dacks gesot, datt d'USA d'Mierenk, déi fir de Welthandel enorm wichteg ass, kontrolléiere wäerten. Den Iran dogéint gëtt un, datt si de gréissten Deel vun der Waasserstrooss ënner hirer Kontroll hunn.
D'Iraner blockéieren international Schëffer, fir datt dës net duerch d'Strooss vun Hormus Pëtrolsproduiten exportéiere kënnen an d'USA blockéieren iranesch Häfen, fir datt dëst näischt selwer exportéiere kënnen an esou déi iranesch Ekonomie geschwächt soll ginn. "Mir hunn d'Blockad. Kee Schëff geet eraus, ausser mir wëllen dat", esou den Trump géintiwwer den Nolauschterer an der Akademie.