Bommeleeër-bis-ProzessZwee Leit net méi viséiert: Parquet geet géint Urteel vu véier Ugekloten an Appell

RTL Lëtzebuerg
Am Bommeleeër-bis Prozess an zweeter Instanz wäerte just nach véier Leit op der Uklobänk sëtzen. Dat mellt den 100,7. 
© RTL Archivbild

Bei de Persounen, déi sech wuel nach eng Kéier viru Geriicht veräntwere sollen, soll et sech ëm déi fréier Gendarmerie-Beamten an héijer Positioun Pierre Reuland, Aloyse Harpes, Guy Stebens an Armand Schockweiler handelen.

An éischter Instanz war jo just de fréiere Police Generaldirekter Pierre Reuland wéinst Falschaussoe viru Geriicht zu dräi Joer Prisong mat integralem Sursis condamnéiert ginn. Säin Affekot Roland Assa ass géint dat Urteel an Appell gaangen.

Awer och de Parquet huet 100,7 Informatiounen no Appell géint d’Urteel vun de véier genannte Persounen agereecht. De Marcel Weydert an de Guillaume Büchler solle sech also net méi musse viru Geriicht an der Affär veräntwerten.

Back to Top
CIM LOGO