
Wien um Donneschdeg den Owend nach net onbedéngt muss tanken, fir dee kéint et sech rentéieren, bis e Freideg ze waarden. All d'Spritzorte ginn nämlech méi bëlleg.

Beim 95er ass et eng Baisse vu 5,7 Cent, wouduerch de Liter e Freideg dann 1,789 Euro kascht.
Beim 98er ass et eng Baisse vu 5 Cent op dann 1,884 Euro de Liter.
Beim Diesel ass et nach eng Grëtz méi interessant, well hei sinn et souguer 9,7 Cent, déi de Liter manner kascht. Et sinn dann 1,837 Euro pro Liter.
Fir de Liter Masutt sinn et souguer 10,3 Cent manner, déi ee pro Liter muss bezuelen. Den neie Präis beleeft sech dann op 1,279 Euro.