Um 13.30 Auer ass de Kleesche mam Tram op der Stater Gare ukomm. Mat dobäi den Houseker an d'Engelcher. An der Päerdskutsch goung et dunn op d'Paräisser Plaz, wou ganz vill Kanner op den hellege Mann gewaart hunn. Eng 400 Tute mat Schneekereie goufe un déi brav Kanner vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, Grupp Georges Everling vu Gaasperech verdeelt.
Cortège vum Kleeschen an der Stad
E Sonndeg krute vill Kanner vum Hellege Mann an der Stad eng Titchen.
Ënner anerem och zu Esch an Diddeleng war de Kleeschen mat senge Gesellen ënnerwee an huet d'Kanner mat Séissegkeeten iwwerrascht.
Reaktiounen aus der Stad
Kleeschen an der Stad (3.12.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Kleeschen an der Stad: Wéi hunn déi Kleng dat fonnt?
Mir hunn e puer vun de Kanner, déi de Wee op d'Paräisser Plaz fonnt hunn, gefrot, wéi si dat fannen.
De Kleeschen confirméiert, datt hie vill Bréiwer krut
Wann ee schonn d'Geleeënheet kritt, en Interview mam Kleeschen ze kréien, muss een dat och notzen.
Impressioune vun Esch
Kleeschen zu Esch (3.12.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Impressioune vu Bartreng
Kleeschen zu Bartreng (3.12.23)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.