Rubin-Hochzäit40. Hochzäitsdag vun der groussherzoglecher Koppel
De 14. Februar 1981 hu sech den deemolegen Ierfgroussherzog Henri an d'Maria Teresa Mestre y Batista-Falla d'Jo-Wuert ginn.
40. Hochzäitsdag vun der groussherzoglecher Koppel
De 14. Februar 1981 hu sech den deemolegen Ierfgroussherzog Henri an d’Maria Teresa Mestre y Batista-Falla d’Jo-Wuert ginn.
Kennegeléiert hu sech béid op der Universitéit Genève Enn der 70er Joren. Déi éischte Kéier si si sech am Oktober 1975 iwwert de Wee gelaf, am Mäerz 1976 hate si hiren éischte Rendez-vous. En einfache Start hat hir Bezéiung allerdéngs net. E puer Joer laang hu si hir Relatioun net ëffentlech bekannt ginn.
© Facebook / Cour Grand-Ducale / Collections photographiques de la Maison grand-ducale
© Facebook / Cour Grand-Ducale / Collections photographiques de la Maison grand-ducale
© Facebook / Cour Grand-Ducale / Cour grand-ducale / Lola Velasco, Reginald Davis / LuxPress / Sportograf
© Facebook / Cour Grand-Ducale / Collections photographiques de la Maison grand-ducale
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
No hirem Politikstudium hu sech déi zwee den 8. November 1980 verloobt, e puer Méint méi spéit sollt de groussen Dag dunn endlech kommen.
Um romanteschsten Dag vum Joer, nämlech op Vältesdag, hu si sech d’Jo-Wuert ginn. Als éischt am Palais um Krautmaart, duerno an der Kathedral. De Grand-Duc Henri hat seng Uniform un, d’Grande-Duchesse Maria Teresa e Kleed vu Balmain an eng Hochzäitstiara.
De groussen Dag mat zelebréiert haten deemools 700 Gäscht, vill vun hinnen aus Kinneksfamilljen.
Mëttlerweil kann déi groussherzoglech Koppel op 40 Joer Bestietnis a 5 Kanner zeréckkucken, déi si zesummen hunn: Den Ierfgroussherzog Guillaume, d’Prënze Félix, Louis a Sébastien, wéi och d’Prinzessin Alexandra.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.