
Den Dr Marc Keipes aus dem grousse Gesondheetszenter op der Gare huet d’Recherche awer nach weider gedriwwen an ass op intressant Erkenntnisser gestouss.
Schwammen ass gutt fir d’Gelenker z’entlaaschten. Ech duecht och ëmmer, dass dat kaalt Waasser mécht dass de Stoffwiessel misst Hëtzt produzéieren a Kalorien verbrennen. Abee Neen. An dëser Etüd sollten Fraen mat Iwwergewiicht e virgeschriwwenen Regime anhalen, an entweder 1 Stonn Vëlo fueren, spadséieren oder schwammen, pro Dag. De Sport gouf den Dammen zougeloust. No 6 Méint haten d’Trëppler 9kg erof, d’Cyclistinnen 10 an d’Schwëmmerinnen haten 2,5kg zougeholl.
A vun enger Etüd bei déi aner, déi am wäitsten Sënn och mam schwammen ze dinn huet.
Eng aner Etüd hat gekuckt wat d’Leit iessen, nom Sport wann de Buffet fräi ass also ‘all inclusive’. Do kommen déi Leit déi am waarmen Sport gemaach hunn op 500 kcal pro Iessen an déi Leit déi aus dem kalen Waasser kommen op 900 kcal. Also mir verbrauchen sécherlech och beim schwammen Kalorien, mee anscheinend kréie mer méi Honger wéi mir verbraucht hunn. Maacht Sport, schwammt och roueg da gi der gesond, mee hofft net domadder ofzehuelen.
Ofhuelen mat schwammen