De Wal-O-Mat hëlleftWat soll mam Bockelwal Timmy geschéien?

RTL Lëtzebuerg
Retten, sprengen oder leie loossen? D'Debatten ëm d'Rettungsversich vum Wal Timmy hunn zu enger Internetsäit gefouert, op där een erausfanne kann, wéi et soll weidergoen.
Um Smartphone geet de Wal-O-Mat selbstverständlech och
Um Smartphone geet de Wal-O-Mat selbstverständlech och
© LEONIE ASENDORPF/dpa Picture-Alliance via AFP

Wien nach onsécher ass, wéi en zu de Rettungsversich vum Bockelwal Timmy steet, kann dëst elo op der Internetsäit “Wal-O-Mat” testen. Nodeems ee sech duerch 19 Froe geklickt huet, weess een, ob een zum “Team Sprengen”, zum “Team Retten” oder zum “Team Leie loossen” gehéiert. De Wal-O-Mat wier awer ganz kloer keng Walempfehlung, mee eng Parodie iwwer Walen a Politik, sou d’Bedreiwer vun der Internetsäit.

D'Startsäit vum Wal-O-Mat
D’Startsäit vum Wal-O-Mat
© walo-mat.org

D’Iddi wier op engem Wäinowend entstanen, sou de 24 Joer ale Mattheus Berg, deen d’Säit entwéckelt huet. Zanter e Samschdeg ass se online an ass zanterhier scho méi wéi 80.000 mol opgeruff ginn. D’Konzept orientéiert sech um Wahl-O-Mat, deen zanter 2002 vun der Bundeszentrale für politische Bildung bedriwwe gëtt a virun allem de jonke Leit eng Hëllef soll si bei hirer Entscheedung, wa se (fir d’éischt) wiele ginn.

© Foto von JENS BUTTNER / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Wat den Timmy vum Wal-O-Mat hält, ass iwwregens net iwwerliwwert.

Back to Top
CIM LOGO