
E Méindegmoie gouf et no knapps dräi Wochen en Hoffnungszeeche vum Bockelwal Timmy, dee jo virun der Küst vu Meckelnburg-Vorpommern gestrand ass. Nodeems an der Nuecht op e Méindeg de Waasserpeegel geklomme war, huet de Wal vum selwen ugefaange mat schwammen. Wéi et vu Journaliste vun der Plaz geheescht huet, géif d’Déier allerdéngs net a Richtung Ostsee mee a Richtung Hafe schwammen. Souwuel d’Waasserschutzpolice wéi och Membere vun der Deutsche Lebens-Rettungs-Gesellschaft (DLRG) hu mat Booter versicht, de Wal eraus op d’oppent Mier ze guidéieren. Dat bis ewell awer ouni Erfolleg.
Am fréie Méindegnomëtteg louch de Wal dunn op en Neits deelweis op enger Sandbänk am Waaser op. Wéi et vum Ëmweltminsiter vu Meckelnburg-Vorpommern, dem Till Backhaus heescht, wier d’Déier awer net op en Neits gestrand, et géif villméi duerno ausgesinn, wéi wann de Wal misst raschten. D’Privatinitiativ, déi fir dem Timmy seng Rettung responsabel ass, géif elo mat den Autoritéiten iwwert dat weidert Virgoe beroden.
Eng vun Entrepreneure finanzéiert Privatinitiativ hat déi lescht Deeg eng Rettungsaktioun preparéiert, bei där d’Déier mat Hëllef vu Loftkëssen a Pontone sollt a Richtung Nordsee oder Atlantik oftransportéiert ginn. Wéi et ëm dem “Timmy” seng Iwwerliewenschancë steet, ass weiderhin onkloer. De Landesëmweltministère wéi och Experte waren zur Conclusioun komm, datt de Wal a schlechtem gesondheetlechen Zoustand wier an deemno schwéier krank oder souguer um Stierwen ass. All Beméiungen, de Bockelwal ze retten, waren dowéinst och gestoppt ginn. Den zoustännege Ministère hat leedeglech rezent e leschte Rettungsversuch duerch d’Privatinitiativ vun enger Rei Entrepreneuren accordéiert. Dës gëtt vun den Autoritéiten iwwerwaacht.
Zanter dem 31. Mäerz louch den “Timmy” an der Bucht vu Wismar virun der Insel Poel fest a war och do virdrun ëmmer nees un der Ostseeküst opgetaucht.