Zanter Jore gëtt a Kolumbien iwwer d’Zukunft vun de Nilpäerd diskutéiert, déi op de verstuerwene Drogebaron Pablo Escobar zeréckginn. Elo wëll d’Regierung méi konsequent duerchgräifen: D’Populatioun vun dëser invasiver Aart soll däitlech reduzéiert ginn.
An den 1980er Joren hat Escobar véier Nilpäerd a sengem Privatbesëtz gehalen. No sengem Doud si se an d’Natur geflücht mat de Jore sinn et der ëmmer méi ginn. Haut liewe ronn 200 Déieren an der Regioun ronderëm de Magdalena-Floss an d’Zuel vun den Nilpäerd klëmmt ëmmer weider. D’Ëmweltministesch Irene Vélez huet ugekënnegt, datt bis zu 80 Nilpäerd euthanaséiert solle ginn. Ouni esou Mesurë kéint d’Populatioun bis 2030 op mindestens 500 Déieren klammen. Dat géif d’Ökosystemer staark beaflossen a lokal Aarte wéi d’Séikou an d’Flossschildkröten a Gefor bréngen.
Bis elo hat d’Regierung och aner Approcheë getest, dorënner Sterilisatioun a Projeten mat Zooen am Ausland, fir d’Déieren ëmzesidelen. Déi Mesuren haten awer nëmme begrenzte Succès. Trotzdeem gëtt weider no Alternative gesicht, fir d’Situatioun laangfristeg an de Grëff ze kréien.
D’Decisioun bleift sensibel: Fir e puer Leit sinn d’Nilpäerd eng touristesch Attraktioun ginn, fir anerer stelle se eng Gefor fir d’Natur duer.