
Um spéide Samschdeg den Owend koum d’Meldung, de Wal hätt sech selwer befreit kritt... d’Freed war awer net vu laanger Zäit. Wéi et an däitsche Medien heescht, wier en nëmme puer Honnert Meter wäit komm a géif do elo nees festhänken. E Policeboot wier beim Déier a Greenpeace wier ënnerwee, ass op Bild.de ze liesen.
Wéi et vun engem Spriecher vum Ëmweltministère vu Mecklenburg-Vorpommern heescht, wier de Wal e Samschdeg an der Wismarer Bucht gesi ginn. Am Nomëtteg gouf gepréift, ob en nees festsëtzt. “De Wal huet zanter méi laangem seng Positioun am flaache Waasser vun der Wismarbucht net verännert”, heescht et vun engem Ministèresspriecher. Wëssenschaftler wieren op Schlauchbooter bei de Wal gefuer, fir seng Lag ze préiwen. D’Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace huet och Opname mat enger Dron gemaach.
De Bockelwal souz zanter e Méindeg op enger Sandbänk bei Timmersdorfer Strand fest, konnt sech an der Nuecht op e Freideg allerdéngs fräischwammen, nodeems Retter him mat engem Bagger eng Aart Kullang gegruewen hunn. Gehofft gouf, datt de Wal sech nees a Richtung Nordsee beweegt, fir nees an den Atlantik ze kommen. Dëst ass awer net geschitt, wéi sech no senger Sichtung an der Wismarer Bucht a Mecklenburg-Vorpommern erausgestallt huet.
Wéi et vum Ëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern, dem Till Backhaus heescht, géifen elo Fachleit op der Plaz d’Situatioun analyséieren an decidéieren, wat ze maachen ass.
Eng éischt Aschätzung koum dann e Samschdeg am Nomëtteg vum Greenpeace-Mieresbiolog Thilo Maack: Eng weider Rettungsaktioun wéi schonn iwwer d’Woch a Schleswig-Holstein wier den Ament net geplangt. Et géif een hoffen, datt de Wal sech bis e Sonndeg vun eleng fräischwëmmt. Säin Zoustand wier den Experten no iwwerdeems net gutt an en Deel vu senger Haut géif sech léisen. Allerdéngs wier d’Plaz, op där hien den Ament läit däitlech méi déif wéi d’Sandbänk bei Timmersdorfer Strand.
Um Samschdeg den Owend war et dunn d’Nouvelle, dass de Wal sech befreie konnt, allerdéngs war en net wäit komm, éier en nees op enger Sandbänk stieche bliwwen ass.
Grouss Waler sinn an der Ostsee éischter ontypesch, vue datt sech hei d’Liewenskonditioune fir si net eegnen.