Passepartout Spezialsendung – Deel 2Zougang zu der Kultur

Sandy Elsen
Zesumme mat dräi Invitéen diskutéiere mir am Café littéraire Le Bovary iwwer d’Thema “Zougang zu der Kultur”.
Passepartout Spezial - Deel 2: D'Sendung zum Thema "Zougang zur Kultur"
D’Kultur-Emissioun op der Tëlee, mam Zil d’Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.

Am 1. Deel vun dësem Passepartout Spezial hate mir mat eisen Invitéë Kevin Muhlen, Carole Lorang a Maxime Bender ënnert anerem doriwwer geschwat, wéi eng Roll d’Schoul bei der kultureller Bildung spillt, wéi een d’Kultur méi inklusiv gestalte kann a wéi et an deene verschiddene Regioune vun eisem Land ëm den Zougang zu der kultureller Offer steet.

Am 2. Deel diskutéiere mir iwwer Aspekter wéi der Roll vun der Programmatioun awer och iwwer konkret Perspektiven an Iddie fir d’Zukunft.

Nieft dësen dräi Invitéen hu mir och d’Direktesch vum Cube 521 zu Maarnech, Christine Keipes an d’Direktesch vum Centre national de littérature (CNL) zu Miersch, Nathalie Jacoby zum Thema “Zougang zu der Kultur” interviewt:

Passepartout Spezial: Zougang zur Kultur
Den Interview mam Christine Keipes, Direktesch vum Cube 521 zu Maarnech
Passepartout Spezial: Zougang zur Kultur
Den Interview mam Nathalie Jacoby, Direktesch vum Centre national de littérature zu Miersch

Den 1. Deel vum Passepartour Spezial zum Theema “Zougang zu der Kultur:

Back to Top
CIM LOGO