Kultur soll fir jiddwereen zougänglech sinn – ma ass se dat wierklech ? Wéi eng Barrièrë gëllt et ofzebauen a wéi eng Roll spillt d’Schoul fir den Zougang zu der Kultur?
Am Passepartout Spezial aus dem Café littéraire Le Bovary diskutéiere mir dës a vill aner Froe mam Maxime Bender, Direkter vum Trifolion zu Iechternach, mam Carole Lorang, Direktesch vum Escher Theater a mam Kevin Muhlen, Direkter vum Casino – Forum fir zäitgenëssesch Konscht an der Stad.
Nieft dësen dräi Invitéen hu mir och d’Direktesch vum Cube 521 zu Maarnech, Christine Keipes an d’Direktesch vum Centre national de littérature (CNL) zu Miersch, Nathalie Jacoby zum Thema “Zougang zu der Kultur” interviewt.