Dëse Weekend organiséieren d'Lëtzebuerger Guiden a Scoute schonn déi 11. Editioun vum Festival, dat och ee Plädoyer fir eng gewëssen Entschleunegung soll sinn.
Vun 800. bis 100. viru Christus waren d'Kelten a groussen Deeler vun Europa present. Fir un hier Kultur ze erënneren, organiséieren d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten dëse Weekend um Neihaischen, déi 11. Editioun vum Bealtaine-Festival. Mat sportlechen Aktivitéiten a Workshoppe fir Kanner an engem Kelte-Lager. De Marc Hoscheid war bis kucken.
De Bealtaine-Festival huet säin Numm dëst Joer wierklech net geklaut, Bealtaine kënnt nämlech aus dem Ireschen a steet fir den Ufank vum Summer. Dee gréissten Deel vum Festival spillt sech am Bësch of. Ee Beräich war dëst Joer fir Scoutsgruppe reservéiert, déi an enger Partie Spiller géinteneen ugetruede sinn. Dobäi goung et natierlech och ëm d'Competitioun, awer net nëmmen.
De Alex Carneiro vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten: "Thema Entschleunegung, Rou, Motorik och rëm fërderen, grad an enger héichtechnologiséierter Welt feelt et mol u Grob- a Feinmotorik. An hei, grad wann der Saache kuckt wéi Parcourslaf, Golf, Këschtestapelen wou een och mol rëm einfach säi Kierper muss spieren a léieren asetzen."
Et fënnt een och eng Rëtsch Stänn, op deene ganz ënnerschiddlech Saachen ugebuede ginn. Den Highlight ass awer dat impressionant Keltenhaus, wou gewise gëtt, wéi verschidden Handwierksberuffer fréier ausgeüübt goufen a wou Kanner zum Beispill Brout bake kënnen. Wéi gefält et deene Jonken da generell um Bealtaine?"Gutt, et ass net langweileg, mir kënnen hei Saache spillen an et ass cool." "Mir gefält d'Brout mat Quetschen, déi Saache fir un d'Jackett ze maachen aus Bronze a wéi si do hanne mat Feier schaffen. Dat ass richteg cool, mir kënnen herno gesinn, wéi si dat fréier gemaach hunn.""Mir gefält et hei gutt, mir dierfen hei vill spillen, mir dierfen hei vill Aktivitéite maachen, dat gefält mer."
Direkt niewendrun ass ee Grupp Schmatte bei der Aarbecht. Si maachen awer net just Stécker, déi d'Kelte gebrauche konnten. De Romain Ruscitti presentéiert d'Handwierk vum Schmatt: "D'Kolleege sinn amgaangen ee Solschlëssel ze maache vun der Musek aus, mir sinn amgaangen ee klengen Draachekapp ze maachen. Mir hu virdrun als Spaass och ee Flaschenöffner gemaach, et weess ee jo ni, ob mer eng Fläsch Béier mussen opmaachen, da brauch een och Geschier. A soss wat sou ufält, dat nächst kann eng Blumm sinn, déi mer aus engem Stéck Flaacheise maachen, wou mer dat dann auserneen drécken, ee Kellech draus maachen an do kann een dann zum Beispill eng Callasblumm draus schmidden."
Esou ee Festival op d'Been ze stellen, ass mat vill Aarbecht verbonnen. Dofir brauch een dann natierlech och eng Partie Leit an déi muss ee mol fannen.
Den Tom Lahr, Coordinateur vum Festival: "D'Organisatioun, dat ass ee Grupp vu 14 Benevollen, déi wärend engem ganze Joer dee Festival organiséieren an dann de Weekend selwer hu mer eng 135 benevole Guiden a Scouten aus dem ganze Land. Jo, mir fanne se nach ëmmer, mee et ass awer all Joer een Challenge. D'Leit melle sech ëmmer méi spéit un an dat ass da fir d'Organisatioun net ëmmer ganz einfach, mee mir packen et awer all Joer sou vill Leit ze fannen."
D'Organisateure rechnen och dëst Joer nees mat méi wéi 5.000 Visiteuren. Wie sech an d'Zäit vun de Kelten zeréckversetze loosse wëllt an haut keng Zäit hat, dee kann dat nach muer vun 11 Auer moies bis 7 Auer owes maachen. A wann een net grad nieft dem Schmatt steet, da packt een et grad am Bësch och gutt bei méi héijen Temperaturen.