
Vun e Freideg u begéint een dem russeschen Auteur Anton Tchechov sengem Stéck "Die Möwe" als "Stupid Fucking Bird" op der Bühn vum Kapuzinertheater. D’Anne Simon huet déi amerikanesch Text-Adaptatioun mat vill Humor, Absurditéit a Tragikomik inzenéiert.
Si literaresch Klassiker zäitlos?
Sécher ass, datt d’Themen, déi a Wierker, wéi dem Anton Tchechov senger "Möwe" opgegraff ginn, haut genee esou aktuell si wéi Ufank vum 20. Joerhonnert. Et geet ëm d'Léift, d'Kënschtlerproblematik an d'Gefill, datt dat eegent Liewe laanscht ee leeft.

D'Regisseurin Anne Simon huet sech fir d’Adaptatioun vum Aaron Posner aus dem Joer 2013 entscheet. Formal an inhaltlech Elementer aus dem ale Klassiker ginn an engem neie Format op d’Spëtzt gedriwwen. Dat fänkt scho mam Titel "Stupid Fucking Bird" un.
D'Theatergeschicht an de Public hu sech weiderentwéckelt – d'Texter fir d'Bühn dierfen a sollen ëmgeschriwwen oder nei zesummegesat ginn. Zum Schluss läit de Choix awer beim Regisseur, ob en e Klassiker selwer adaptéiert resp. sech op eng Adaptatioun aléisst.
"Stupid Fucking Bird" leeft nach bis den 23. Januar am Kapuzinertheater.