
Dat nationaalt Institut fir Anthropologie a Geschicht huet en Donneschdeg matgedeelt, dass Reschter vun der Kultstätt an de Ruine vun den Ausgruewunge vun Ndachijan-Tehuacan am Bundesstaat Puebla fonnt goufen. Entdeckt goufen 3 Steeskulpturen vun Xipe Tótec: si stellen zwee skalpéiert Käpp an en Torso duer.
De Xipe Tótec gouf virun allem an Zentral- a Westmexiko veréiert. Wëssenschaftler no, hu Paschtéier Prisonéier zu Éiere vum Gott geaffert, éier si hinnen d'Haut op engem Altor vum Kierper gezunn hunn, déi si sech da selwer iwwert de Kierper geluecht hunn.
Den Tempel soll an der Zäit tëscht 1000 an 1260 genotzt gi sinn. D'Eruewerung vu Mexiko duerch d'Spuenier huet am Joer 1419 ugefaangen.