
Op de leschten zwee Weekender vun der Expo "Beyond the New" bitt dës Installatioun Grouss a Kleng d’Méiglechkeet, hirer Fantasie fräie Laf ze loossen.
Et ass quasi eng Silhouette vun enger Stad, déi am Zesummespill vun Objeten a Projekteren entsteet. E Bild, wat sech déi ganz Zäit ännert. Duerch déi verschidden Objeten, déi dobäikommen oder ewechgeholl ginn an de faarwegen Hannergrond. D’Iddi fir dës Installatioun huet de Lëtzebuerger Kënschtler Steve Gerges ausgeschafft. Wéi hien d’Objeten gesinn huet, déi fir den Atelier zur Verfügung stinn, hätt hie séier gemierkt, dass ee mat Hëllef vu Projekteren eng Stad kéint bauen.
D’Thema Nohaltegkeet spillt och eng grouss Roll an dësem Atelier. D’Géigestänn, déi d’Participante benotzen, kommen aus dem Centre Formida, wou Reschtmaterial aus der Industrie weider verwäert an zréck an de Kreeslaf bruecht gëtt. A fir dass alles erëm recycléiert ka ginn, kënnt d’Pechpistoul hei net zum Asaz.
A wéi an enger richteger Stad musse verschidde Saache verschwannen, fir dass Neies op hirer Plaz entstoe kann. Wie wëll, kann nach e Sonndeg an den nächste Weekend am Mudam laanscht kucke goen a seng eege kleng Stad opriichten. E Sonndeg ass dann och dee leschten Dag, wou een d’Expo "Appearance" vum Jeff Wall an dem Susumu Shingu seng Wierker ka gesinn.