
Am Juli gëtt de Film "A Favour" hei zu Lëtzebuerg gedréint an an deem Kader sicht Castinglux e männlechen, "kaukasesche" Pianosspiller. De Mann soll tëscht 25 a 50 Joer al sinn an dënn Hänn hunn.
De Pianospiller gëtt als Doubel vun engem Schauspiller genotzt, deemno wäerte just d'Hänn an de Réck vun der Persoun ze gesi sinn. Chopin a Bach, also zwee klassesch Stécker, soll de Spiller drop hunn. Deemno wéi d'Dréiaarbechte sinn, muss ee mat zwee bis dräi Deeg am Juli um Set rechnen an et kritt ee ronn 400 Euro fir d'Aarbecht.
Wien Interessi huet, soll eng Mail un info@castinglux.com respektiv eng WhatsApp op de +352621470619 schécken. Gebraucht gëtt de kompletten Numm esou wéi den Alter vun der Persoun, eng Telefonsnummer, e kuerze Video vu maximal enger Minutt, wou ee sech op franséisch oder englesch presentéiert, an en zweete Video, bei deem de Pianosspiller ze gesinn ass, wéi hien eppes vu Chopin an/oder Bach spillt.