Radio-Sendung live vu WienPackt d’Eva Marija et an déi grouss Finall?

Loïc Juchem
Um Donneschdeg tëscht 10 a 14 Auer héiert dir eng Spezial-Radio-Sendung op RTL Lëtzebuerg, déi live vu Wien kënnt.

Um Eurovision Song Contest 2026 gëtt et haut eescht fir d'Eva Marija. Wärend d'Sängerin de ganzen Dag an der Stadthalle zu Wien prouft a sech op hire grousse Optrëtt den Owend virbereet, geet och bei de Lëtzebuerger Fans an senger Famill d’Spannung lues awer sécher erop.

RTL ass um Feierdag live am Café Goldegg zu Wien, wou Frënn, Famill a Supporter sech versammelen, fir zesummen op de grousse Moment hinzeféiweren. All Eurovision-Delegatioun huet dës Deeg hiren eegene Fan-Café zougedeelt kritt a fir Lëtzebuerg ass et de gemittlecht an uregen Café Goldegg am Häerz vu Wien ginn.

Do steet haut alles am Zeeche vun de Lëtzebuerger Faarwen: rout, wäiss a blo. Fändelen, Schaler an eng gutt Stëmmung suergen dofir, datt ee scho Stonne virum Optrëtt richteg Eurovision-Atmosphär spiert.

Den Owend hoffen d'Fans an d'Famill dann op ee gelongenen Optrëtt an op den Ticket fir d'Finall.

Um Donneschdegowend steet déi zweet Halleffinall um Programm an dono wësse mir, ob eis Kandidatin d’Eva Marija et an d’Finall e Samschdeg packt.

De perfekte Warm-up fir ee vun de gréisste Museksevenementer op der Welt, live op RTL Radio Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO