E Festival fir déi ganz FamillMusek, Spektakel a Konscht um "Koll an Aktioun" zu Uewermaartel

Isabelle Gillen
Zanter 2014 organiséiert d’Kollibri asbl all Joer zu Uewermaartel de Koll an Aktioun. Um Kulturfestival kann ee Concerten, Stroosse-Spektakel, Wokshops an en Hobbymaart entdecken. Dat Ganzt um Site vum Schifer-Musée.
© RTL

Inoffiziell ass et déi 10. Editioun vum Festival Koll an Aktioun, deen ëmgangssproochlech och einfach Koll genannt gëtt. Wärend der Corona-Pandemie waren zwou Editioune vum Koll ausgefall. Eng dovu gouf als online-Versioun vun doheem aus gefeiert, ma esou richteg zeréck ass d’Kollibri asbl awer eréischt zanter e puer Joer.

Musek, Spektakel a Konscht um "Koll an Aktioun" zu Uewermaartel
Zanter 2014 organiséiert d’Kollibri asbl all Joer zu Uewermaartel de Koll an Aktioun. Um Kulturfestival kann ee Concerten, Stroosse-Spektakel, Wokshops an en Ho

Et ass e Festival, dee ville Lëtzebuerger e Begrëff dierft sinn an awer wier et schwéier all Joer eng grouss Mass u Leit un déi Belsch Grenz ze zéien, erzielt ee vun den Organisateuren, de Georges Goerens. Et géif een elo mam gudde Wieder, dat fir de Weekend annoncéiert ass, mat ronn 500 Leit den Dag rechnen, et wier een awer och equipéiert, fir der méi um Site vum Schifer-Musée z’empfänken.

Hannert dem Koll steet eng grouss Ekipp, bestoend aus ville Fräiwëllegen, déi all Joer ënnert der Kollibri asbl zesumme komme, fir e kulturelle Weekend op d'Been ze stellen. Zesummenhalt an eng familiär Gruppendynamik maachen d’Ekipp aus an dat kritt een och als Visiteur um Festival ze spieren. An enger gemittlecher Atmosphär kann een hei e Patt drénken, u Workshops Deel huelen, Musek lauschteren a mat Frënn an der ganzer Famill zesumme sëtzen. D'Entrée op de Site vum Festival ass gratis, et muss een allerdéngs fir verschidden Aktivitéiten en Ticket am Viraus kafen. "Pay as you can" ass hei de Motto, also bezuel wéis de kanns. Et gëtt e Mindestpräis fir d'Ticketen, ma wie wëll, kann och méi bezuelen an de Festival esou ënnerstëtzen.

Op sechs Plaze ginn de ganze Weekend iwwer Spektakelen ugebueden, dräi dovu ginn ouni Paus bespillt an op deenen anere gëtt een ëmmer nees spontan mat engem Optrëtt iwwerrascht. Am grousse Ganzen huet de Koll vill Iwwerraschungen ze bidden. De Festival erfënnt sech all Joers nei, et komme nei Aktivitéiten dobäi an de Line-Up ännert och. 17 Museker triede bei der 10. Editioun op, dorënner "Seed to Tree", "Le Vibe", de "Maz Univerze", "Ultra World", oder "Sleepers Guilt".

Wat dëst Joer nei um Festival ass, ass dass och déi al Schifer-Minn an de Festival-Programm mat agebaut gëtt. Wéi ee Spektakel een hei genau erliewe kann, gëtt am Viraus net verroden, ma et kann een awer sécher sinn, dass schonn eleng de Kader vun der Minn eng Visitt derwäert ass. Fir esou e grousse Weekend op d’Been ze stelle, brauch et eng gutt koordinéiert Equippe. Vun Ufank un schafft d’Kollibri asbl mat Fräiwëllegen zesummen an de Kär vun dëser Ekipp ass iwwert d'Joren dee nämmlechte bliwwe, wouduerch een eng Routine opbauen an den Oflaf vun den Opbauaarbechte mat der Zäit perfektionéiere konnt. Nach muss awer vill geschéien, bis de Site fäerdeg opgebaut ass an et wäert och nach freides fläisseg geschafft ginn, iert de Festival owes seng Dieren op mécht.

De Koll an Aktioun ass vun e Freide bis e Sonnden zu Uewermaartel. De ganze Programm vum Weekend fannt Dir hei!

Back to Top
CIM LOGO