Eng Piscine, een Zeebra, Beien, eng grouss Trauerweiden an de Bësch direkt niewendrun. Beim de Mailliets zu Keespelt am Gaart huet ee Plaz an eppes ze kucken. Ma et ass virun allem de Fait, datt do keen een Zonk steet fir de Gaart vun de Noperen hiren ze trennen, wat besonnesch ass.
“Mir hunn de véier Noperen esou decidéiert. An dat klappt ganz gutt esou, mir si frou keng Grenzen hei ze hunn”, sou d'Miriam Mailliet. Zesummen hunn d'Noperen also ee grousse Gaart, op deem een ouni Probleem e klenge Fussballsmatch kéint spillen.
"t ass elo net esou datt mir hei zu véier Noperen all Weekend eng Grillparty organiséiere. Mä mir ginn all super eens mateneen, an treffen eis scho mol op ee Patt am Gaart", erkläert d’Miriam.
An genau dat Communautéite-Gefill huet d'Band Schëppe Siwen och begeeschtert, wéi RTL si gefrot huet fir bei Rock am Gaart matzemaachen. "Mir si jo och eng grouss Band mat 10 verschiddene Leit, déi zesummekommen, fir Musek ze maachen. An dat ass einfach cool an esou engem oppenen Gaart a Konzept spillen ze kënnen", sou de Jean-Marc Wagner, alias Jojo, Sänger, Gei-Spiller a Grënner vum Folk-Punk-Folkrock-Ensembel Schëppe Siwen.
Eenzegaarteg Owender mat Live-Bands an aussergewéinleche Privatgäert am Land: vum 28. Juli bis den 31. Juli stelle mir an der Serie "Rock am Gaart" eise Magazin-Studio a véier ausgewielte Gäert op, a sende vun do aus live, allkéiers direkt nom Journal op der Tëlee.