Casting-OpruffFir de Film "A Favour" gi Puppelcher gesicht

RTL Lëtzebuerg
Castinglux sicht fir d'Verfilmung vum Grimur Hákonarson sengem Film "A Favour" verschidde Puppelcher.
© Castinglux

Wéi et am Opruff steet, sicht d'Castingagence dräi verschidde "kaukasesch" Puppelcher: Eng Kéier e Kand, wat maximal ee Mount al ass. Hei ass et egal, ob et e Jong oder Meedchen ass. Da sicht een nach e männleche Puppelchen am Alter vu 4 bis 8 Méint an e klenge Jong tëscht engem an zwee Joer.

Fir d'Kanner ass tëscht engem an dräi Deeg um Set virgesinn. D'Dréideeg sollen awer esou kuerz wéi méiglech sinn, fir datt d'Puppelcher net ze laang op der Plaz musse sinn. D'Kanner sollen aus dem Grand-Duché oder vu maximal 100 Kilometer wäit ewech kommen, fir den Trajet esou geréng wéi méiglech ze halen. D'Dréiaarbechte sinn tëscht dem 1. an 13 Juli dëst Joer.

Leit, déi interesséiert sinn, sollen eng Mail un info@castinglux.com maachen. Als Infoe solle si de kompletten Numm an den Alter vum Kand uginn esou wéi den Numm an d'Telefonsnummer vun op d'mannst engem Elterendeel. Och sollen 3 bis 4 rezent Fotoe vum Kand drugehaange ginn, esouwuel vum Gesiicht, wéi och vum Puppelchen, wéi e läit.

D'Schreiwes vu Castinglux
Casting Call - FILM « A FAVOUR » de Grímur Hákonarson co-produit par Iris Production

Back to Top
CIM LOGO