De Service des Sites et Monuments hëlleft de Gemenge bei der Selektioun. Dat lescht Joerzéngt goufen op déi Manéier a mat der Expertise vun Architekten an Urbanisten eng 27.000 Gebailechkeeten uechtert d'Land identifizéiert. Vill Gemengen hunn de Gros vun hirem Inventar am PAG protegéiert. Aner Gemengen di sech nach méi schwéier, bedauert de Service des Sites et Monuments.
An der Gemeng Klierf zum Beispill goufen am ganzen 320 Gebaier, dacks Wunnhaiser, identifizéiert, déi wéinst hirer Geschicht oder Architektur derwäert sinn, protegéiert ze ginn. An der éischter Versioun vum neie PAG sinn der dovun awer just 123 agedroen. Dogéint huet d'Gemeng Bech der 121 vun 140 iwwer den allgemenge Bebauungsplang protegéiert. Et wär een dacks an der Gemeng Klierf gewiescht, erkläert den Direkter vun Service Sites et Monuments Patrick Sanavia. Deemno wär een elo enttäuscht. De Buergermeeschter Klierf Emile Eicher betount awer, d'Erhale vum Patrimoine wär wichteg, mä net ëmmer einfach.
''Effektiv mécht et net ëmmer Sënn, fir Haiser als Ganzt ze schützen, well da kuckt ee just d'Fassade. D'Fassad ass eng Saach, mä dat hannendrun ass dacks an esou engem miserabelen Zoustand, dass et guer net esou einfach nees ze reamenagéieren ass. Et ass schued, dass mir net d'Méiglechkeet hunn fir Fassaden ze schützen. Wann ech moderne Patrimoine vun Architektur kucken, da gesinn ech, dass ganz dacks just Fassade geschützt ginn, an hannendrun komplett modern Gebaier opgeriicht ginn. D'Ganzt Haus schützen ass och schwéier fir eis, well mir hu keen Droit d'Entrée, mir kënnen net einfach do erafalen a kucken, wat elo dobannen ass. Et kann also réng nëmmen no äusserleche Critèrë reagéiert ginn.''

De Patrick Sanavia ass domat net averstanen.
''Dat Argument, dass d'Haiser schlecht sinn, dat héiere mir nawell dacks. Dat ass d'Argument fir am Virfeld schonn ze soen: dat do Gebai kënne mir elo net halen.''Virun allem fir Gemenge mat touristescher Aktivitéit wär et wichteg, och Wunnhaiser mat charakteristescher Architektur am PAG ze schützen, seet de Patrick Sanavia. An och de Proprietär huet Avantagen. Virop Subside fir eng Renovatioun oder eng thermesch Verbesserung.
''Mat enger Protektioun kritt ee Gebai e Statutt. Et ass dann e wäertvollt Gebai. Et ginn och Lei, déi dat wëllen hunn. Et sinn dofir och Leit déi reklaméieren, wann hir Proprietéit net vun der Gemeng am PAG opgeholl gëtt.
Et ginn awer och Leit, déi am ëmgedréinten Zeenario reklaméieren. Well Protektioun heescht och, dass een net méi alles däerf mat senger Proprietéit maachen. Protektioun heescht, dass Gebaier musse stoe bleiwen. Och wann eng nei Residence méi Sue versprieche géing. Och de Klierfer Gemengepapp Emile Eicher fënnt kloer Wierder.
Fir et ganz kloer ze soen: Mir wëlle keng Héichhaiser a keng Appartementer drop an derwidder.
Proprietären hunn awer zweemol d'Méiglechkeet ze reklaméieren, bis den PAG vun enger Gemeng definitiv ass.