
Dräi Deeg laang ass den Oste vum Land nees a Festivalstëmmung. Vum 24. bis 26. Juli verwandelt sech Iechternach an eng Bün ënnert fräiem Himmel a bréngt siwen national, wéi och international Artisten an deen historesche Kader vum Abtei-Haff.
Um Freiden Owend kann ee mat der Deluxe Night an d'Lëtzebuerger Musekszeen andauchen. Hei trieden d'Eva Marija, Krick & Andrea Galetti, d'Irem, d'NINON an The Cookies op. Den Entrée dofir ass gratis.
E Samschden iwwerhëlt dann den däitsche Singer-Songwriter Johannes Oerding déi grouss Bün. Hien ass duerch Lidder, wéi "An guten Tagen", oder "Pyramiden" bekannt a bréngt den 2. Oktober zesumme mam Peter Maffay e neien Album eraus, mat deem si dann och 2027 zesummen op Tour ginn.
Deen international bekanntste Museker gëtt et e Sonnden Owend z'entdecken. Den Englesche Sänger James Morrison, dee mat Lidder wéi "Broken Strings", oder "You Give Me Something"op der ganzer Welt bekannt ass, war fir d'lescht 2019 fir e Concert zu Lëtzebuerg. De Sam Steen hat de Museker am Virfeld vu sengem Concert um Echterlive am Interview.
Den Echterlive huet awer net nëmme Concerten ze bidden. Um Summerfestival gëtt déi ganz Famill mat Spiller, Aktivitéiten an zousätzleche Spektakelen ënnerhalen. Dee komplette Programm vum Echterlive, esou wéi Ticketen fannt Dir um Internetsite vum Trifolion.