"Passepartout" um SamschdegowendD'Kënschtlerin Berthe Lutgen, een Danzspektakel, d'Ausstellung "Notes on Weathering" a Konscht aus Mineralien

RTL Lëtzebuerg
D'Kultur-Emissioun op der Tëlee mam Zil, d'Villsäitegkeet vun der Lëtzebuerger Kulturzeen ze presentéieren, ze vermëttelen an ze encadréieren.
"Passepartout" vum 23. Mee 2026
D'Kënschtlerin a Feministin Berthe Lutgen, d'Danzspektakel "Akroāma" an eng Ausstellung am Keller vum Casino Forum sinn ënnert anerem Theema.

Mir kréien en Abléck an déi kreativ Welt vun der bekannter Lëtzebuerger Kënschtlerin a Feministin Berthe Lutgen. Mir entdecken den Danzspektakel "Akroāma" vum Choreograf Brian Ca a mir huelen eng Ausstellung am Keller vum Casino Forum ënner d'Lupp. Donieft léiere mir de Mineralie-Kënschtler David Giacomini kennen.

"Passepartout": all Samschden um 19 Auer op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu, ma och am Replay an op RTL Play!

Back to Top
CIM LOGO