
Den iresche Museker a Schauspiller Glen Hansard ass gestuerwen, dat mellen eng Partie brittesch an iresch Medien, déi dës Informatioun säitens sengem Management matgedeelt kruten. Wéi et weider heescht, ass de 56 Joer alen Hansard bei engem Motorradsaccident zu Dublin ëm d'Liewe komm.
Hie war virun allem als Schauspiller an als Museker extrem aktiv, war ënnert anerem de Frontmann vun der Band "The Frames". Fir ee vu senge Solo-Albume gouf den Hansard 2016 an der Kategorie "Folk" fir e Grammy nominéiert.
Ma och säi schauspillerescht Talent huet hie fréi bewisen, dat ënnert anerem schonn am Joer 1991, wou hien am Film "The Commitments" matgespillt huet. Richteg bekannt ass de Glen Hansard awer duerch seng Roll am Independent-Film "Once" ginn. Hei huet hien e Stroossemuseker zu Dublin gespillt. Fir d'Lidd "Falling Slowly", deen zum Soundtrack gehéiert huet, huet hien 2007 den Oscar gewonnen.
De Glen Hansard war "ee vun den am meeschte gefeierten a aflossräichste Museker aus Irland", sou de Sender RTÉ. Wéi d'News-Agence PA mellt, soll den Hansard en dräi Joer jonke Bouf hannerlooss hunn.
Am November 2016 war den iresche Museker iwwregens zu Lëtzebuerg, dat fir e Concert am Atelier.