
De bekannten franséischen DJ a Produzent, den DJ Kavinsky, ass am Alter vun nëmme 50 Joer dout a senger Wunneng zu Paräis fonnt ginn. Dat mellen déi franséische Medien, wéi zum Beispill de Figaro. De Vincent Belorgey, wéi e mam richtegen Numm heescht, war virun allem am der franséischer House-Zeen extrem bekannt, dem sougenannte "French Touch". Ënnert anerem säi Lidd "Nightcall" huet hie weltbekannt gemaach.
Wéi et aus Police-Kreesser heescht, soll de franséische Museker zënter e puer Deeg iwwer Kappwéi geklot hunn. Säin Noper hätt sech Suerge gemaach, nodeems hien de Kënschtler eng Zäit net méi gesinn an hätt dunn d'Rettungsekippe geruff. D'Läich vum DJ gouf géint hallwer 11 en Dënschdeg den Owend a senger Wunneng am 18. Paräisser Arrondissement entdeckt. Der Police no gëtt e Schlag als méiglech Doudesursaach consideréiert.