De Comeback vum Charel Kuddel am "Superjhemp retörns" ass dee grousse Succès am Kino. Net nëmme kann de Superjhemp nees fléien, ma och d'Zuele vun den Zuschauer am Kino "fléien" ëmmer méi héich a brieche Rekorder. Dobäi ass dat guer net sou verwonnerlech, de Film huet villes, wat e Succès hei am Land garantéiert. Wat mécht dëse Film aus a firwat gefält en de Luxusbuerger sou gutt, datt et souguer de beléiftste Film lescht Joer gouf?