EU-AustrëttDe Benedict Cumberbatch spillt Haaptroll a Brexit-Thriller

RTL Lëtzebuerg
An der Roll vum Dominic Cummings spillt de britesche Schauspiller de Politikberoder vun der "Vote Leave"-Campagne.
© Angela Weiss / AFP

De Benedict Cumberbatch, dee virun allem a senger Roll als Sherlock-Holmes bekannt ass, verkierpert am Film "Brexit: The Uncivil War" de Leader vun der Brexit-Campagne, Dominic Cummings, deen als zentral Figur hannert dem Brexit gëllt. Am Mëttelpunkt vum Film steet déi ëmstridde Strategie, mat der d'EU-Géigner beim Referendum 2016 konnten d'Ofstëmmung gewannen.

Fir de Schauspiller Cumberbatch war d'Verkierperung vum Cummings eng reegelrecht Erausfuerderung gewiescht, esou de Britt an engem Interview. De Personnage wär nämlech a villen Hisiichte wäit vun him ewech.

"Brexit: The Uncivil War" wäert um britesche Sender Channel 4 ze gesi sinn, dat de 7. Januar 2019, deen Dag, un deem dat britescht Parlament aus der Wanterpaus kënnt. Déi Woch drop gëtt et dann déi decisiv Ofstëmmung am House of Common.

Back to Top
CIM LOGO