An der Völklinger Hütte am SaarlandD'Ausstellung "X-RAY: Die Macht des Röntgenblicks"

Sandy Elsen
Den 8. November 1895 entdeckt den däitsche Physiker Wilhelm Conrad Röntgen a sengem Laboratoire zu Würzburg zoufälleg d'Röntgenstralung.
D'Ausstellung "X-RAY: Die Macht des Röntgenblicks"
An der Völklinger Hütte dréint sech aktuell alles ëm d'Röntgenstralen.

Domadder revolutionéiert hien net just d'Medezin, ma seng Entdeckung inspiréiert och d'Konschtwelt. 130 Joer méi spéit kann een am Weltkulturierwe Völklinger Hütte am Saarland elo déi éischt Ausstellung iwwerhaapt entdecken, déi sech dem Phänomeen vun de Röntgenstralen an deene ville kulturellen a kënschtlereschen Aspekter vum Röntgenbléck widmet.

Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen, hannert d'Uewerfläch kucken an eis Gesellschaft reflektéieren, dat mécht d'Ausstellung "X-Ray: die Macht des Röntgenblicks". Op ganzer 6.000 Quadratmeter beliicht dës Expo d'Wiesselwierkunge vum Röntgenbléck a Konscht a Kulturgeschicht, Politik, Natur a Literatur, wéi och an Architektur, Musek, Moud a Kino.

Tëscht historesche Gebléismaschinne wandert de Visiteur duerch déi ënnerschiddlechst Billerlandschaften a reest an 18 Kapitele vun der Modern an d'Géigewaart: vum Wilhelm Conrad Röntgen sengem Fuerschungslabo bis an de Weltraum.

Am Mëttelpunkt vun der Expo sti Konschtwierker, déi et ouni d'Röntgenstralen guer net géing ginn. Sou wéi déi monumental Rauminstallatioun "Chapelle" vum belsche Kënschtler Wim Delvoye, déi fir d'Ouverture vum Mudam 2006 kreéiert gi war. Eng vun der gotescher Architektur inspiréiert Kapell aus Metall, där hir Glasfënstere keng biblesch Zeenen an Hellegeportraite weisen, ma Röntgenbiller vun, ënnert anerem, mënschlechen an déieresche Skeletter.

D'"Chapelle" ass awer just ee spannende Kosmos vu villen. Am Ganze versammelt “X-Ray” déi verschiddenst Acteuren aus 25 Länner weltwäit. Dorënner och berüümte Kënschtler wéi d'Frida Kahlo, den Edvard Munch an de William Kentridge.

A grad eemol 5 Méint huet d'Ekipp vun der Völklinger Hütte dëse risege Projet realiséiert. Een Erliefnis-Parcours, an deem vill intensiv Aarbecht a genee sou vill Häerzblutt stécht.

Mat dat gréisste Kapitel vun der Ausstellung ass der Politik gewidmet. Eng ganz wesentlech Dimensioun vun der Rëntgentechnologie ass nämlech eebe grad déi politesch. Duerch verschiddenst Wierker an Installatioune kritt ee virun Ae gefouert, wéi déi sougenannten X-Stralen an der Geschicht ëmmer nees als Mëttel vun der Kontroll an Iwwerwaachung oder als Medium vu politeschem Widderstand a gesellschaftlecher Kritik benotzt gi sinn. Wéi den Titel et versprécht, mécht dës Ausstellung d'Muecht vum Röntgenbléck an all hire Facettë siichtbar.

D'Ausstellung huet zanter hirer Ouverture am November 2025 esou groussen Zoulaf a Succès, dass se ëm dräi Woche verlängert ginn ass. Deemno huet ee lo nach bis de 6. September d'Geleeënheet, "X-RAY: Die Macht des Röntgenblicks" am Saarland an der Gebléishal vum Weltkulturierwe Völklinger Hütte ze entdecken.

Weider Detailer zu der Ausstellung an zu der Völklinger Hütte fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO