No der aktueller Tour D'Ariana Grande zitt sech aus der Ëffentlechkeet zeréck

RTL Lëtzebuerg
D'US-Sängerin Ariana Grande wëll sech no hirer "Eternal Sunshine"-Tour, déi den 1. September op en Enn geet, fir eng Zäit aus der Ëffentlechkeet zeréckzéien.
© IMAGE PRESS AGENCY/NurPhoto via AFP

Hiert Management erkläert, si géif eng "verdéngte Paus" huelen, nodeems si zanter Jore mat stänneger ëffentlecher Kritik a Spekulatiounen, besonnesch iwwer hiert Ausgesinn an hir Gesondheet, konfrontéiert gi wier.

Wéinst där Decisioun wäert déi 33 Joer al Sängerin och net méi an der geplangter Londoner Produktioun vum Musical "Sunday in the Park with George" matspillen. D'Produzente respektéieren hir Entscheedung a wënschen hir alles Guddes.

Op de soziale Medien hu vill Fans hir Ënnerstëtzung gewisen, ënner anerem mam Hashtag #weloveyouariana.

Back to Top
CIM LOGO