Bei der Ausstellung "Confrontations" ass d'Visitt fir Eltere mat klenge Kanner eng vu ville Méiglechkeeten, déi sech u verschidden Typpe vu Public riichten. De Grondprinzip vun der Ausstellung ass deen, fir jeeweils zwee Konschtwierker ze confrontéieren. Dobäi gëtt och net onbedéngt chronologesch oder no Konschtepoche gefuer.
D'Ausstellungsstécker kommen aus der Sammlung vun der Villa Vauban, woubäi dës zwee Wierker speziell vun der Kënschtlerin Chantal Maquet fir d'Expo gemoolt goufen. Fir verschidde Biller sinn taktil Maquetten ausgeschafft ginn, mat deenen net nëmme blann Visiteuren d'Bildkompositioun mat den Hänn entdecken. Hei hunn d'Curateuren zesumme mam Hiersteller gekuckt, wat fir eng Detailer net dierfe feelen. Sou gouf bei engem Bild vum Canaletto zum Beispill drop opgepasst, fir déi typesch Daachterrasse vu Venedeg mat duerzestellen.