
Net just op der Tëlee war den ESC e grousse Succès, schreiwen d'Organisateuren an engem Communiqué. Ma och goufe mat der 70. Editioun zu Wien nei digital Rekorder opgestallt an et gouf eng ganz nei Generatioun u Fans ugeschwat.
Am Duerchschnëtt hu 42,6 Prozent vun de Leit, déi zu där Zäit Fernseh gekuckt hunn, op den ESC geschalt. Dat ass méi wéi duebel sou vill wéi soss an der Moyenne. Bei de Jonken tëscht 15 a 24 Joer louch d'Quote souguer bei 54,8 Prozent, wat nach eng däitlech Hausse am Verglach zum leschte Joer ass a véiermol méi héich wéi d'Moyenne vun deenen anere Programmer.
A 40 Prozent vun de Länner hu méi wéi d'Hallschent vun de Fernseespectateuren den ESC gekuckt, de Spëtzewäert louch a Finnland bei 92 Prozent. Am ganzen hunn eng 131 Millioune Leit aus 35 Länner d'Emissioun gekuckt.
Op Youtube dann hunn 5,43 Millioune Leit déi grouss Finall gekuckt, datt ass eng Hausse vu 4,6 Prozent par Rapport zum Joer virdrun. Videoen iwwer den ESC, déi tëscht dem 1. Januar an dem 30. Mee publizéiert goufen, hunn op Youtube, Instagram, Facebook an Tiktok zesumme iwwer 2,75 Milliarde View generéiert.
D'Stëmmen aus de Länner an Territoiren, déi net beim Concours matgemaach hunn, goufen zesummegerechent. Dës gesammelt Stëmme goufe wéi en eenzelt Land an der Punkteverdeelung an den zwou Halleffinallen an an der grousser Finale behandelt. Am meeschte Stëmme koumen aus den USA, Holland, Kanada, Spuenien, Irland, der Slowakei, der Tierkei, Ungarn, den Vereenegten Arabeschen Emirater an aus Mexiko.
Zu Wien, wou den ESC organiséiert gouf, goufen 320.000 Leit gezielt, déi bei Eventer, déi eppes mat der Eurovisioun ze dinn haten, dobäi waren. Fans aus 75 verschiddene Länner haten Tickete fir déi 9 verschidde Shows, déi zum ESC gehéieren, kaf. 1.050 Journalisten aus 50 verschiddene Länner waren dann och akkreditéiert.