
Am ganze 15 Produktiounen, vun Theater iwwer Danz bis hin zu enger Liesung, bei deenen ëmmer eng Persoun eleng op der Bün steet, ginn et bei dësem Festival ze entdecken.
Ee Kënschtler oder eng Kënschtlerin ënnerhält de Public een Owend laang just mat der Stëmm an dem Kierper. Dat ass d’Iddi hannert dem Monodrama-Festival, deen 2009 vum Steve Karier an d’Liewe geruff gouf an deen dëst Joer seng 16. Editioun feiert. En Theema gëtt et net, ma wann déi eenzel Produktioune bis fest stinn, géif sech awer meeschtens e Fokus erauskristalliséieren, esou de Festivaldirekter. Dëst Joer wier dat d’Thema Connection.
De Steve Karier mécht dëst Joer och nees selwer beim Monodrama-Festival mat a klëmmt e Samschden den Owend an enger Inzenéierung vum Fernando Pessoa sengem "Faust – Eine subjektive Tragödie" an déi zäitlos Roll vum Faust, deen als sougenannten "Anti-Faust" e Géigestéck zu deem Faust hierstellt, deen déi meescht Leit aus dem literaresche Wierk vum Johann Wolfgang Goethe kennen.
Donieft kritt een e Samschden den Owend ausserdeem "Unica" gebueden. Dëst ass eng multidisziplinär Performance vun der Sascha Ley, déi als Schauspillerin op der Bün steet, ma d’Produktioun och selwer entwéckelt huet. Am Stéck geet et ëm d’Liewen an de Personnage vun der däitscher Molerin a Schrëftstellerin Unica Zürn, déi psychesch krank war a sech am Alter vu 54 Joer d’Liewe geholl huet.
Beim Monodrama-Festival kritt een awer net nëmmen Theater gewisen, och Danz ass all Joer e festen Deel vun der Programmatioun. "Connexion et Déconnexion" nennt sech eng Afrikanesch Danzopféierung, déi de Festival zoumécht. Heibäi geet et ëm mënschlech Bezéiungen an d’Konzept vun der Identitéit.
Dee komplette Programm vum Monodrama Festival ass bis den 21. Juni an der Banannefabrik ze entdecken.