Nei um Bichermaart"Cellou – Verstëmmte Säiten" Simone Bleser (Text) Pascale Junker (Illustratiounen)

RTL Lëtzebuerg
Den 1. Band an der neier Serie "Kopplabunz!"
© Ernster éditions

Pressetext vun Ernster éditions:

Cellou - Verstëmmte Säiten ass den 1. Band an der neier Série Kopplabunz! geschriwwe vum Simone Bleser an illustréiert vum Pascale Junker. Et handelt sech em e Kanner- a Jugendbuch ab 8 Joer.

Een Abléck an d'Geschicht:
Moien! Ech sinn d'Lou, mee meng Frënn nenne mech all Cellou.

Ech verbrénge vill Zäit mat mengem beschte Kolleeg, dem Alex, mee ech hunn och e mega coolt Hobby.

Allerdéngs passéiere mir zenter Kuerzem ganz komesch Saachen ... oder dreemen ech dat just?
Komm mat op meng verréckt Reesen!

Cellou - Verstëmmte Säiten
Simone Bleser (Text) Pascale Junker (Illustratiounen)
ISBN: 978-2-919892-71-6
erauskomm bei: Ernster éditions
228 Säiten
17€

Back to Top
CIM LOGO